Lëtzebuerger Federatioun fir Functional Fitness
Wichteg Informatiounen
D'Nationalmeeschterschaft ass d'Qualifikatioun fir d'EM an d'WM 2025 fir Letzeboier Atleeten mee ass 2026 op fir jiddereen, och para-atleeten. Fir 2026 huet all Atleet deen sech umellt automatesch eng Lizenz dei matt 20 Euro am Präis vun der Umeldung matt dran ass. 2025 war se gratis, och wann et op Circle21 aanescht festgehaal ass.
Wann een sech fir d'Landesmeeschterschaft umellt, kann een sech entweder an der Open Kategorie umellen oder an senger Alterskategorie. D'Alterskategorie ass réischt méiglech ab 30 Joer. Wann een tëschent 22 an 30 ass, muss een automatesch an d'Open Kategorie. Ab 30, ass et der Persoun selwer iwwerlooss wou se sech well umellen. Tëscht 18 an 22 kënne Sportler sech entweder an der Open-Kategorie oder an de virgesinnen Junior-Kategorien umellen.
Et ass awer wichteg ze wëssen dass d'EM sou wéi och d'WM getrennt sinn. D'EM an WM fir d'Masters ass op enger anere Plaz wéi déi vun der Open Kategorie.
Dëst Joer kann een sech souwuel als individuellen Athlet, wéi och am Team umellen. Op der EM sinn et Teams vun 2 (MM / FF / MF) an op der WM Teams vun 4 (MMFF).
D'Landesmeeschterschaft am Individuellen ass Samsdes, den 16. Mee an déi fir d'Teams ass Sonndes, den 17. Mee.
No der Landesmeeschterschaft muss een dann wielen wou een als individuellen Athlet wëll untrieden an wou am Team.
Et sinn dëst Joer 3 Workouts fir individuell Athleten (16. Mee) an och 3 Workouts fir d'Teams (17. Mee)
D'Sportler mussen hir Kompetenzen a verschiddene Beräicher weisen, dorënner Ausdauer, Kraaft, Kierpergewiicht Fäegkeeten, gemëschte Fäegkeeten an Explosiouns Kraaft.




